GREGOR ass e Sonnenteleskop um Bierg Izaña op der Insel Teneriffa, dat vum Teide Observatoire‎ op enger Héicht vun 2400 m bedriwwe gëtt.

GREGOR-Teleskopgebai um Teide

Et gëtt haaptsächlech fir Ënnersich vu klenge Strukturen op der Sonn agesat, woubäi et duerch seng Adaptiv Optik eng Opléisung vun zirka 0,1 arcsec erreecht, soudatt Objete vun ongeféier 70 km Duerchmiesser op der Sonn erkannt kënne ginn.

D'Erfuerschung vun dëse klenge Strukturen ass wichteg, fir déi grondleeënd Prozesser vun der Wiesselwierkung vu Magnéitfelder mat de Plasma-Turbulenzen op der Sonn ze verstoen. Entwécklung an Asaz vum GREGOR-Telekop gi vum Kiepenheuer-Institut fir Sonnephysik geleet. Weider Projetspartner sinn:

Den Teleskop ass eng nei Bauart vum Gregory-Teleskoptyp (konzipéiert 1570 vum James Gregory; dofir den Numm) mat dräi Spigelen an enger effektiver Brennwäit vu 55,6 m. Den Haaptspigel huet en Duerchmiesser vun 1,5 Meter, besteet aus Zerodur a gëtt aktiv gekillt, déi béid aner Spigele sinn aus Cesic, engem Siliciumcarbid.[1] D'Teleskopstruktur ass komplett op a steet ënner enger Kuppel déi aus zwou Hallefschuele besteet déi sech opklappe loossen, wouduerch Loftturbulenzen am Stralegank (internal seeing) iwwergaange solle ginn.

D'Instrument ersetzt den ale 45 Zentimeter Gregory-Coudé-Teleskop[2] an ass mat senge Leeschtungsdaten eent vun den dräi stäerksten Instrumenter fir d'Sonnenobservatioun weltwäit an dat stäerkst an Europa. Nieft der Sonnenobservatioun soll en och als Nuetsteleskop agesat kënne ginn. Säin éischt Liicht war den 12. Mäerz 2009 an den 21. Mee 2012[3] gounf en offiziell a Betrib.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Beschreiwung vum opteschen Design (Kiepenheuer-Institut)
  2. The Gregory Coude Telescope on Tenerife Archivéiert op 2011-09-29. Gekuckt de(n) 2012-06-19.
  3. Bericht zur Inbetriebnahmen auf Spiegel Online