E Sonnefilter ass en Zousazdeel vun engem opteschen Instrument an erméiglecht et bei richteger Uwendung, déi geforelos Observatioun vun der Sonn. Déi bescht Instrumenter fir Sonnenobservatioun, bei deem e Sonnefilter zum Asaz kënnt, ass meeschtens en astronomescht Teleskop oder e Feldstiecher. D'Sonn däerf ni ouni e gudde Sonnefilter gekuckt ginn. Ganz séier kann ee blann ginn, wann net dat richtegt Geschier gebraucht gëtt.

Allgemenges änneren

 
E Maksutov-Teleskop mat selwer gebautem Filter aus Sonnefilterfolie

Fir d'Sonn mat engem Teleskop oder Feldstiecher z'observéieren, brauch een e Filter, deen dat meescht Liicht absorbéiert a reflektéiert, fir datt d'A vum Observateur kee Schued kritt. Ideal dofir ass eng relativ bëlleg Sonnefilterfolie aus dem Fachhandel. Dës Folie gëtt virun d'Ëffnung vum Teleskop gespant. Si reduzéiert dat afalend Liicht op 0,001 % (1/100.000-stel). Nieft de Folie ginn dacks Objektiv-Sonnefilteren aus Glas gebraucht.

Forme vu Sonnefilter änneren

Sonnefilter ginn a follgende Formen ugebueden:

Weider Schutzformen an Observatiounsméiglechkeeten änneren

Eng weider Méiglechkeet fir d'Liicht ze reduzéieren, ass nieft dem Gebrauch vu Filteren, den Asaz vun engem Herschelkäil oder Pentaprisma, deen an der Géigend vum Brennpunkt ubruecht gëtt. Am Géigesaz zu der Filterfolie sinn déi leschtgenannt Methoden däitlech méi deier, liwweren awer an der Reegel besser Biller. Siichtbar si mat dëser Method nieft Sonneflecken och d'Granulatioun an d'Sonnefackelelen. Fir Kontrastverbesserung kënnen nach Faarffilter agesat ginn.

Protuberanzen, Flares a weider Details ginn mat amateurastronomesche Mëttelen am beschte mat engem Filter siichtbar. Dëse Filter léisst nëmmen d'Liicht mat enger Wellelängt vu 656,28 Nanometer duerch.

Observatiounsresultat änneren

Bei Glasfiltern verursaacht eng Chromschicht ee giel-orangt Sonnebild, eng Aluminiumsschicht dogéint mécht e blowäisst Bild. Bei Foliefiltere gëtt och e blowäisst Bild produzéiert.

Optesch Dicht änneren

D'optesch Dicht (OD) oder d'Extinktioun gëtt un, wat fireen Brochdeel vum afalendem Sonneliicht duerch de Filter geet. Déi optesch Dicht vun der Metallbeschichtung ka jee no Gebrauch variéiert ginn. An der Reegel sinn dës OD = 3,0 (1/1.000), OD = 3,8 (1/6.309) oder OD = 4,0 (1/10.000) fir fotografesch Zwecker oder visuell mat zousätzlechem Filter, deen déi optesch Dicht vum ganze System op OD = 5,0 (1/100.000) erofsetzt, an OD = 5,0 (1/100.000) fir visuell Gebräicher ouni zousätzlech Filter a begrenzt och fir fotografesch Zwecker.

Uwendungsméiglechkeeten änneren

En Objektiv-Sonnefilter ka mat bal all Teleskopaart gebraucht ginn. Eenzeg Ausnam sinn de Schiifspigler no Kutter oder de Yolo.

Gefor vu Blannheet bei Filternoutbehëllef änneren

Selwer gebaute Filter (geschwäerzte Glas, Rettungsdecken, Schweesserbrëllen an Änleches) sinn net geeegent, well bei hinnen keng Kontroll besteet, ob och déi schiedlech, awer onsiichtbar Ultraviolett- an Infraroutundeeler vum Sonneliicht ausgefiltert ginn. Huet ee kee Sonnefilter, da sollt een op eng Observatioun mat Okularprojektioun auswäichen. D'Observatiounszäit sollt hei awer kuerz gehale ginn a vu Pausen ënnerbrach ginn, well sech Deeler vun der Optik staark opwiermen kënnen. Och Okularsonnefilter, wéi se bei bëllegen Teleskope bäileien, däerfe fir eng visuell Observatioun net gebraucht ginn: Si kënnen opgrond vun der Hëtztentwécklung schonn no kuerzer Observatiounszäit platzen, wat ganz grouss Aeschied mat sech bréngt an zu Blannheet am Brochdeel vun enger Sekonn féiere kann.

Déi eenzeg Méiglechkeet, d'Sonn ouni Gefor ze kucken, ass de Gebrauch vun engem Teleskop deen e speziellen Sonneschutzfilter (Folie, Glas) virun der Ëffnung huet, ni awer virum Okular. Fir eng sécher visuell Sonnenobservatioun muss déi optesch Dicht mindestens OD = 5,0 (maximal 1/100.000-stel vum Sonneliicht gëtt duerchgelooss) hunn.

Beschiedegt Objektivfilteren däerfen net weider gebraucht ginn, well keng Sécherheet méi do ass. Besonnesch oppasse muss ee bei Filteren aus Sonnefilterfolien (Lächer, Rëss).

De Sucher um Teleskop muss bei enger Sonnenobservatioun och e Sonnefilter virun der Ëffnung hunn.

Am Zweiwelsfall solle virun enger Observatioun Fachleit gefrot ginn.

Um Spaweck änneren