Sonja Pikart

däitsch Schauspillerin a Kabarettistin

D'Sonja Pikart, gebuer den 31. Oktober 1984 zu Oochen, ass eng däitsch Kabarettistin a Schauspillerin.

Sonja Pikart
Gebuer 31. Oktober 1984
Oochen
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Musik und Kunst Privatuniversität der Stadt Wien
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller

Liewen änneren

D'Sonja Pikart ass d'Duechter vun engem däitsche Softwareingenieur an enger Hollännerin. No hirer Première 2004 am Lycée zu Nottuln huet si als éischt Humanbiologie zu Marburg studéiert an ass no hirem Diplom 2009 op Wien geplënnert fir do um Conservatoire vun der Stad Wien Schauspillerei ze studéieren, wat se 2013 mat engem Bachelor of Arts opgehalen huet.

Nieft hirer Aarbecht als Schauspillerin an Theater- a Filmproduktiounen huet si och Kabarett ugefaangen a krut doran 2019 de Fërderpräis vum Éisträichesche Kabarettpräis.

Theater änneren

  • 2008: Pension Schöller, Regie: David Gerlach, Hessescht Landestheater Marburg
  • 2009: Welch gigantischer Schwindel, Regie: Peter Meyer, Hessescht Landestheater Marburg
  • 2012: Eine Frage der Einstellung, Regie: Günther Treptow, Theater Drachengasse
  • 2012: Was Ihr Wollt, Regie: Philip Stemann, Kulturzentrum WUK
  • 2013: Erst war es leer ohne Herz, aber jetzt geht's wieder, Regie: Alexander Riener, Theater Drachengasse
  • 2016: Wir Hunde, Regie: Signa Köstler, Volkstheater (Wiener Festwochen)
  • 2017: Das Heuvolk, Regie: Signa Köstler, Nationaltheater Mannheim (Schillerdeeg)
  • 2017/18: Das halbe Leid, Regie: Signa Köstler, Schauspillhaus Hamburg
  • 2019: Det abne hjerte, Regie: Signa Köstler, Aarhus Festugen

Filmografie änneren

  • 2017: Leben im Epilog, Regie: Cristòbal Hornito
  • 2017: My Jurassic Place, Regie: Danny Bellens
  • 2020: SOKO Köln (Episod 341, Totgelacht) Regie: Ulrike Hamacher

Kabarett änneren

  • 2016: Gluten Abend!, Solo-Kabarettsprogramm, Theater um Alsergrund
  • 2016: Hader und die jungen Wilden, Theater um Alsergrund
  • 2018: Metamorphose, Solo-Kabarettsprogramm, Theater um Alsergrund
  • 2019: Lange Nacht des Kabaretts, Member

Um Spaweck änneren