Société anonyme minière et métallurgique de Rodange-Athus

D'Société anonyme minière et métalurgique de Rodange-Athus, besser bekannt ënner hirer Ofkierzung MMRA (oder och MMR-A) war eng lëtzebuergesch-belsch Gesellschaft, déi 1973 aus dem Zesummeschloss vun der Schmelz vun Athus, déi der Cockerill gehéiert huet, an där vu Rodange, déi an der MMR hirem Besëtz war. Si ass 1994 vun der Arbed iwwerholl ginn.

Société anonyme minière et métallurgique
de Rodange-Athus
Typ Aktiegesellschaft
Grënnungsdatum 1973
Mataarbechter 5.347 (1973)

Beim Zesummeschloss 1973 hunn do 5.347 Leit (3.117 zu Rodange an 2.230 zu Athus) geschafft. Mä schonn an de Joren drop hunn d'Konsequenze vun der Stolkris sech bemierkbar gemaach. Fir datt d'MMRA sollt rentabel bleiwen, huet se misse "restrukturéiert" ginn. An engem Accord tëscht der lëtzebuergescher an der belscher Regierung gouf am September 1977 festgehalen, datt d'Schmelz vun Athus sollt zougemaach an all belsch Aarbechter entlooss ginn, déi da sollten an enger Cellule d'emploi ënnerdaach kommen. D'Zuel vun den Aarbechter, déi 1977 bei 3.028 louch, sollt op 1.250 reduzéiert ginn.

1978 huet d'Arbed 25 % vum Kapital vun der MMRA iwwerholl. Et gouf decidéiert d'Grouwen, d'Héichiewen an d'Géisserei zouzemaachen.

D'iwwerschëssegt Personal ass soss anzwousch bei der Arbed, zäitweileg an der DAC, ënnerkomm (Enn 1979 waren an der Rodanger DAC bal 1000 Leit 'geparkt').

1994 huet d'Arbed d'MMRA ganz iwwerholl. Si gouf Deel vun der Business Unit ARES (Aciéries de Rodange Esch-Schifflange), déi op Schinnen a Spezialprofiller spezialiséiert ass.

D'Zuel vun der Mataarbechter zu Rodange ass vun 1.114 (1994) op just nach 164 zeréckgaangen.

Literatur änneren

  • Centenaire de l'Usine de Rodange publié par la Société de Secours Mutuels Rodange avec Préfaces des Ministres de la Sécurité Sociale, du Travail et des Affaires Culturelles.

Kuckt och änneren