Skylla
D'Skylla war e Mieresongeheier, Duechter vun der Krataiis a warscheinlech vum Phorkys, obwuel d'Iwwerliwwerungen och aner Eltere nennen (z. B. d'Styx als Mamm).
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/9a/Skylla_BM_621.jpg/220px-Skylla_BM_621.jpg)
De Seechen no wunnt si géintiwwer der Charybdis an enger Hiel an der Strooss vu Messina. Si huet all Wiese gefriess dat hir an d'Gräpp gefall ass, sou och e puer vum Odysseus senge Gesellen an deem Ament wou dee mat sengem Schëff sollt tëscht Skylla a Charybdis passéieren. Och d'Argonauten hate mat hir ze dinn. Déi Kreesch déi si dobäi ausgestouss huet hu sech unhéiere wéi d'Bille vun engem Hond.
Spréchwiertlech mengt "tëscht Skylla a Charybdis" datt een an enger Situatioun ass, aus där et sou gutt wéi keen Auswee gëtt.
![]() |
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie. |
Um Spaweck
ännerenCommons: Scylla – Biller, Videoen oder Audiodateien |