D'Skiritai (algr.: Σκιρῖται) waren e Vollek am Lakedaimonesche Staat, déi en änleche Status hate wéi d'Peroiken[1]. Si hunn an der zu Skiritis gewunnt, enger wëller Biergerlandschaft am Norde vu Lakonien op der Grenz mat Arkadien, tëscht dem Oinous an dem Eurotas.

Spéideren Auteuren, wéi dem Stephanos vu Byzanz oder dem Hesychios vun Alexandria no, haten d'Skiritai arkadesch Originnen. D'Skiritai waren eng reng Landevëlkerung, a si hunn a ville klengen Dierfer gewunnt, wouvun d'Haaptdierfer Oion a Caryai waren. Hiren Territoire war zwar net déi bescht Plaz fir ze wunnen, mä hat fir Sparta eng grouss strateegesch Bedeitung, well en d'Strooss op Tegea dominéiert huet.

A Krichszäiten hunn d'Skiritai en Elitekorps vu liichter Infanterie gestallt, deen zu der spartanescher Arméi gezielt huet. Dem Thukydides no[2] hu si op der ganz lénkser Säit gekämpft, Posten deen am meeschten duerch d'hoplitesch Phalanx a Gefor war. Vun alle Lakedaimonier ware si déi eenzeg, déi op dëser Plaz eenzel kämpfen duerften. An der Nuecht goufe si als Sentinelle virun der Arméi opgestallt[3] an hunn dem Kinnek vu Sparta de Wee fräigemaach. Si waren déi eenzeg, déi virum spartanesche Kinnek marschéiert sinn[4].

De Xenophon huet si och mat den hyrkanesche Kavaléier verglach, déi vun den Assyrer weeder a geféierlechen nach an ustrengenden Entreprise verschount goufen[5].

Literatur zum Theema änneren

  • Edmond Lévy, Sparte: histoire politique et sociale jusqu'à la conquête romaine, Éd. du Seuil, Paräis, 2003. (ISBN 2-02-032453-9)

Um Spaweck änneren

  Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.

Referenzen an Notten änneren

  1. Xenophon, Hellênikôn, V, 2.
  2. Thukydides, V, 67, 1.
  3. Xenophon, Lakedaimoniôn Politeia, XII, 3.
  4. Xenophon, op.cit., XIII, 6.
  5. Xenophon, Kurou Paideias, IV, 2.