Sixten Ehrling
De Sixten Ehrling, gebuer den 3. Abrëll1918 zu Malmö a Schweden a gestuerwen den 13. Februar 2005 zu New York City) war e schweedeschen Dirigent.
Sixten Ehrling | |
---|---|
Gebuer | 3. Abrëll 1918 |
Gestuerwen |
13. Februar 2005 New York |
Nationalitéit | Schweden |
Aktivitéit | Dirigent, Musekspedagog, Universitéitsprofesser, Pianist |
Säi Liewen
ännerenNo sengem Pianostudium zu Stockholm léiert den Ehrling fir d'éischt zu Paräis beim Albert Wolff en Orchester ze dirigéieren, duerno zu London a beim Karl Böhm zu Dresden. Duerno war hien (1953-1960) musekaleschen Direkter un der Kinneklecher Oper zu Stockholm,(1963-1973) als Nofollger vum Paul Paray Chefdirigent vum Detroit Symphony Orchestra an 1974 Chefdirigent vum Sinfonieorchester vun der Stad Göteborg. Hien huet vun (1973 - 1987) Course gehalen zu New York un der Juilliart School an dertëscht un der Met dirigéiert.
Kreatiounen
änneren- Dem Karl-Birger Blomdahl seng Oper Aniara 1959 un der Oper vu Stockholm.
CD-Tipp
änneren- Bei der schweedescher Firma BIS koumen 1996 dem Franz Berwald seng 4 Sinfonien op engem Duebel-CD eraus. De Sixten Ehrling dirigéiert de Malmö Symfoni Orkester an de Solist ass de Christian Davidsson um Fagott. (Berwald - The Four Symphonies: BIS-CD-795/96)