Siwebueren

Lieu-dit an der Stad Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Siweburen)

Siwebueren ass en Deel vum Quartier Rollengergronn an der Stad Lëtzebuerg.

D'Schlass Siwebueren

Bis den 1. Juli 1849 huet Siwebueren zur deemoleger Gemeng Eech an duerno bis den 1. Juni 1920 zur deemoleger Gemeng Rollengergronn gehéiert.

Geschicht änneren

Siwebueren war iwwer 200 Joer laang d'Wäschkiche vun der Stad.

A Kadaster-Ënnerlage vum Enn vum 17. Joerhonnert gi fir d'éischt d'Wäschbuere Siwebueren ernimmt; dobäi geet et ëm e Wunnhaus, Folie Grégoire genannt, dat "beim Baumbusch, beim Bach und Brunnen" läit, an dem Jean Grégoire, engem pensionéierte Kommandant vun der spuenescher Arméi gehéiert.

1707 gëtt d'Folie Grégoire mat allem Drëm an Drun Eegentum vun der Stad Lëtzebuerg, déi 1734 decidéiert beim Rodenborn en Haus bauen ze loossen.

1736 léisst d'Stad vum Zammermann Basen aacht Basengen aus Holz mat engem Daach driwwer do opriichten. D'Wäschfraen hu missen 2 Sou fir d'Wäschen an 3 Sou fir Wäschen, Bleechen an Dréchne bezuelen.

Den 1. Abrëll 1767 kafen d'Bridder Jean François, Dominique a Pierre-Joseph Boch vun der Stad d'Folie Grégoire mat den Terraine ronderëm fir eng Parzeläinsfabrick ze bauen. Se kréien och Erlabnes fir d'Waasser vun de Quelle fir hir Fabrick ze gebrauchen, ënner der Konditioun, datt d'Awunner weiderhin d'Buere benotzen däerfe fir hir Wäsch ze maachen an d'Wise fir d'Wäsch ze dréchnen.

Well d'Strooss méi breet gemaach gouf, sinn 1968 d'Siwebueren ewechgerappt ginn. Eng Gedenkplack um Waasserbaseng erënnert haut nach un d'Siwebueren.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren