D'Sitkafiicht (Picea sitchensis), ass en Nolebam deen an Nordwestamerika, vun Alaska bis an Nordkalifornien virkënnt. S'ass doduerch un e fiicht Klima, mat vill Nidderschléi a mëlle Wanteren ugepasst.

Sitkafiicht
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Nolholzplanzen
Uerdnung Pinales
Famill Pinaceae
Gattung Fiichten
Aart Sitkafiicht
Wëssenschaftlechen Numm
''Picae sitchensis ''
(Bong.) Carrière

An Europa geet d'Sitkafiicht gutt op grënnege, frëschfiichte bis fiichte Biedem, an op Pseudogley mat kuerze Stauphasen. Op dréchene Biedem an a Lage mat dréchener Loft huet se keng Chance fir ze wuessen. Se verdréit de Schierm, wann en net ze laang unhält (z. B. e Virbau vun Elleren), ass awer empfindlech géint Spéitfrascht. Se gëtt net vum Wëld verbass, awer gefeet.

Ganz gutt mécht se sech a groussraimege Mëschunge mat Risemammutbeem, Hemlocksdännen, an Douglasdännen.

Um Spaweck änneren

Commons: Sitkafiichten – Biller, Videoen oder Audiodateien