Sinfonietta

lëtzebuergesch Museksensembel

Sinfonietta ass e lëtzebuergesche Museksensembel. E gouf 1999 gegrënnt, a steet ënner der Leedung vum Marcel Wengler.

D'Sinfonietta bréngt virun allem lëtzebuergesch zäitgenëssesch Kompositiounen an der Uropféierung op d'Bün, z. B. Gedichter vun der Anise Koltz vun 1959 an der Vertounung vum Komponist Pierre Even, fir eng Sopran-Stëmm an Orchester (Mondorf, 2007).

Virun allem konzentréiert d'Sinfonietta sech op d'Uropféierung vun de Wierker vun den Gewënner vum lëtzebuergesche "Kompositionswettbewerb für Neue Musik", dee vun der lëtzebuergescher Sektioun LGNM "Luxemburg Music Center" all Joer organiséiert an international ausgeschriwwe gëtt.

Kuckt och änneren