Simone Asselborn-Bintz

Lëtzebuerger Politikerin an Erzéierin
(Virugeleet vu(n) Simone Bintz)
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Simone Asselborn-Bintz, gebuer de 24. Januar 1966 zu Esch-Uelzecht,[1] ass eng lëtzebuergesch Erzéierin a Politikerin (LSAP).

Simone Asselborn-Bintz
Gebuer 24. Januar 1966
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée Hubert-Clément
Aktivitéit Politiker, Erzéier
Partei LSAP
Famill
Papp Aly Bintz
Mamm Micky Erpelding
Geschwëster Jean-Claude Bintz, Brigitte Bintz

Si ass zanter 2005 Member vum Gemengerot vun der Gemeng Suessem, wou se vun 2011 bis 2020 Schäffin war[2], an zanter dem 13. Juli 2020[3] d'Nofolleg vum Georges Engel[4] als Buergermeeschter iwwerholl huet.

2015 gouf d'Simone Asselborn-Bintz Presidentin vum LSAP-Südbezierk.[5]

De 17. Abrëll 2018 ass si an der Chamber fir de Roger Negri, deen opgehalen huet, als Deputéiert vum Südbezierk 'nogerëtscht'[6]. Bei de Walen 2018 hat si sech nees opgesat, gouf awer net direkt erëmgewielt. Den 21. Januar 2020 ass si fir den Alex Bodry an d'Chamber nogeréckelt.[7] Si huet hiert Mandat bis un d'Enn vun der Chambersessioun 2022-23 ausgefëllt.

D'Simone Bintz ass d'Duechter vum Aly Bintz an der Micky Erpelding.

Um Spaweck änneren

Commons: Simone Asselborn-Bintz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Christelle Brucker: "„En politique, je continue ce que ma mère a commencé“." wort.lu, 15. Juni 2018.
  2. Le collège échevinal op sanem.lu.
  3. "Simone Asselborn-Bintz als nei Buergermeeschtesch vereedegt. rtl.lu, 13.07.2020.
  4. "Georges Engel ne sera plus bourgmestre de Sanem." paperjam.lu, 22.06.2020.
  5. Luc Laboulle: "Geszchlossen und kämpferisch. LSAP-Südbezirk Kandidatenliste mit großer Mehrheit angenommen." Tageblatt, 12. Mäerz 2018.
  6. "Um Krautmaart ginn um Dënschdeg zwou nei Deputéiert vereedegt." rtl.lu, 17.04.2018, 07:28:12.
  7. "Schonn iwwer eng Dosen Changementer bei de Regierungsparteien." rtl.lu, 21.01.2020.