De Shergotty ass e Marsmeteorit, deen am Joer 1865 zu Shergotty an Indien ageschloe war. Et ass de Prototyp fir d'Shergottitten. Säi geologeschen Alter gëtt mat zirka 4,1 Milliarde Joer datéiert.

E Fragment vum Meteorit

Geschicht änneren

De Meteorit war am Virmëtteg vum 25. August 1865 zu Shergotty (haut Sherghati am indesche Bundesstaat Bihar) ageschloen a gouf kuerz drop vun Aenzeien gebuergen. Seng urspréinglech total Mass däerft ongeféier 5 Kilogramm gewiescht sinn. Radiometresch Datéierungen deiten drop hin, datt hie sech viru ronn 4,1 Milliarde Joer aus vulkaneschem Magma gebilt huet. E besteet gréisstendeels aus Pyroxenen, déi an dëser spezieller Zesummesetzung op der Äerd net virkommen.

D'Bestëmmung vu sengem Kristallisatiounsalter erweist sech als aussergewéinlech schwiereg. Analysen hu bis elo ënnerschiddlech Alteren tëscht 147 a 600 Millioune Joer erginn. Den Aschlag um Mars, deen de Meteorit aus dem Marsbuedem an de Weltraum geschleidert hat, dierft sech viru 2,2 bis 2,8 Millioune Joer zougedroen hunn. Als sécher gëllt nëmmen, datt et de selwechten Impakt-Evenement war, deen och d'Meteoritten QUE 94201 an Zagami op d'Äerd geschleidert haten.

Haut läit d'Haaptstéck vum Meteorit (≈3,6 kg) am Geological Survey of India zu Kalkutta. Et ass net bekannt wat mat dem zweete vun de béiden urspréngleche Brochstécker passéiert ass.

Klassifizéierung änneren

Et ass de Prototyp vun de Shergottitten an der Klassifizéierung vu Marsmeteoritten.

Zeeche vu Waasser änneren

Wéi schonn am Nakhlameteorit nogewisen, sinn och um Shergotty Spueren, déi nëmmen duerch flëssegt Waasser iwwer Joerhonnerten ewech entstane konnte sinn.

Zeeche vu Liewen änneren

Et goufen Zeeche vu fossiléierte Biofilmer fonnt, wéi si och op der Äerd virkommen. Et kann awer keng ierdesch Kontaminatioun ausgeschloss ginn an déi Spuere beweisen och kee mikrobiologeschen Urspronk.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie