De Sher 25 ass e Stär am galakteschen Emissiounsniwwel NGC 3603. Hien ass ronn 25.000 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Mat enger visueller Hellegkeet vun 12,23 mag ass hien am südleche Stärebild Carina ënner ideale Bedingunge mat engem Teleskop (Ëffnung vun op d'mannst 200 mm) z'observéieren.[1]

De Sher 25 am Stärebild Carina
Numm Sher 25
Stärebild: Carina (Car)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 11h 15m 07.649s
Deklinatioun - 61° 15' 17.59"[1]
visuell Magnitude + 12,23 mag
Spektralklass: B1 Iab[1]
Astrometrie
Radialvitess: ? km/s
Parallax ? mas
Distanz 25.000 Lj[1]
Absolut Hellegkeet
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 40 – 52
Alter 4 Mio.[1]
Liichtkraaft:
Uewerflächentemperatur 22.000 K[1]

D'Mass vum Bloen Iwwerris ass ongeféier 40 bis 52 Sonnemassen. Am Ufank vu senger Haaptreiephas waren et 60 Sonnemassen.[1] Zu deem Zäitpunkt war de Stär en Iwwerris vun der Spektralklass B3 I.[2] Ronderëm ass e Planetareschen Niwwel, deen aus engem vu 6560 Joren ofgestoussenen equatoriale Rank an engem 6700 Joer zeréckleiende bipolaren Ausfloss besteet.[2] De Sher 25 gouf fir d'éischt vum David Sher an engem Artikel vun 1965 am Monthly Notices of the Royal Astronomical Society iwwer d'Distanzmiessung zu fënnef oppene Stärekéip beschriwwen.[3]

De Sher 25 gëllt als Kandidat fir eng Supernova vum Typ II.

Den Emissiounsniwwel NGC 3603 opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop (Falschfaarwe visuellt an infrarout Liicht). De Sher 25 ass den helle Stär riets iwwer dem Stärekoup

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 1,6 Melena, N. W.; Massey, P.; Morrell, N. I.; Zangari, A. M. (2008). "The Massive Star Content of Ngc 3603". The Astronomical Journal 135 (3)
  2. 2,0 2,1 Hendry, M. A.; Smartt, S. J.; Skillman, E. D.; Evans, C. J.; Trundle, C.; Lennon, D. J.; Crowther, P. A.; Hunter, I. (2008). "The blue supergiant Sher 25 and its intriguing hourglass nebula". Monthly Notices of the Royal Astronomical Society 388 (3)
  3. Sher, David: Distances of five open cluster near Eta Carinae, Monthly Notices of the Royal Astronomical Society, 1965, Vol. 129, p.250