Sheepshanks (Moundkrater)
Moundkrater
De Sheepshanks ass e relativ klengen Aschlagkrater um nordëstleche Rand vun der viischter Moundsäit, um Nordrand vum Mare Frigoris, südlech vum Krater C. Mayer.
Moundkrater Sheepshanks | |
---|---|
Eegenschaften | |
Breet | 59,25° N |
Längt | 17,02° O |
Duerchmiesser | 17,02 km |
Déift | 3850 m[1] |
Selenographesch Längt | 17° bei Sonnenopgank |
Genannt nom | Anne Sheepshanks (1789–1876) |
Genannt am Joer | 1935 |
De Kraterrand ass kaum erodéiert. Den Zentrum huet keen Zentralbierg.
Südlech vum Sheepshanks leeft d'Moundrill Rima Sheepshanks a Richtung Krater Gärtner.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
A | 60° N, 18,93° O | 7 km | [1] |
B | 60,31° N, 21,06° O | 5 km | [2] |
C | 57,03° N, 18,08° O | 10 km | [3] |
De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. no der Sponsorin Anne Sheepshanks, Schwëster vum britteschen Astronom Richard Sheepshanks, genannt.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
- Sheepshanks op The-Moon Wiki
- Moundkaart Nr 13:Sheepshanks uewe lénks
Referenzen änneren
- ↑ John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.