Shackleton (Moundkrater)

Moundkrater


De Shackleton ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit direkt nieft dem Südpol vum Äerdmound. Wéinst senger besonnescher Lag sinn e puer héich Spëtzten um Kraterrand ëmmer der Sonnestralung ausgesat, wärend den Zentrum dauernd am Schiet läit. Dofir gouf de Krater als eng vun de méigleche Plaze fir d'Ariichte vun enger Moundkolonie diskutéiert, well Solarpaneilen, déi op deene Spëtze stéingen, eng stänneg Stroumversuergung erlabe géifen. Zudeem gëtt ugeholl, datt sech am Kraterzentrum eventuell flüchteg Stoffer wéi Waasseräis ugesammelt hätten.

Shackleton
Krater Shackleton a Südpol
(Foto: Clementine)
Koordinaten 89°40'12"S, 129°46'48"O
Duerchmiesser 20,9 km
Déift 2.000 m
Selenographesch Längt 0° bei Sonnenopgank
Genannt no Ernest Shackleton
Genannt am Joer 1994
Moundvéiereck LQ30

De Krater gouf 1994 vun der I.A.U. nom brittesche Polarfuerscher Ernest Shackleton genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren