D'Seyfertgalaxië si Spiralgalaxien oder irregulär Galaxië mat engem ganz helle Galaxiëkär. D'Spektre vun dëse Käre weise charakteristesch Emissiounlinnen déi net vu Stären ugereegt ginn. Seyfertgalaxië sinn eng Ënneruerdnung vun den aktive galaktesche Kären. D'Seyfertgalaxië goufen no dem Astronom Carl Keenan Seyfert genannt, dee sech an de Joren ëm 1940 ganz intensiv mat dëse Galaxië beschäftegt huet.

D'Circinusgalaxis, eng Typ-2-Seyfertgalaxis

Ausgesinn, Klassifizéierung an Typ 1 an Typ 2 änneren

Typesch fir Seyfertgalaxië sinn déi dacks ganz hell Kären an elektromagnetesch Spektren mat ganz helle Spektrallinnen vun ënner anerem Waasserstoff, Helium, Stéckstoff a Sauerstoff. D'Stäerkteverhältnesser vun dëse Linnen ënnerscheede sech däitlech vun deenen an HII-Regiounen, déi vu waarme Stären ugereegt ginn.

Dës Spektrallinne weisen dacks staark Dopplerverbreedungen, déi op d'Vitess vum emittéierende Gas vu bis zu 10.000 Kilometer jee Sekonn hiweisen. Unhand vun dëser Verbreedung goufe Seyfertgalaxien ufanks an zwéi verschidden Typpe klasséiert. Den Typ 2 hat nëmme 'schmuel' Linne vu bis zu ronn 1000 km/s Breet. Beim Typ 1 trieden zousätzlech 'breet' Linnekomponente vun e puer Linne vu bis iwwer 10.000 km/s Breet op. Spéider goufe vum Donald Osterbrock och Tëschentyppe wéi 1.5 an 1.9 definéiert, bei deene breet Komponenten nëmme bei e puer Linnen gesi goufen, déi si bei Typ 1 opweise géifen. Et weist sech, datt verbuede Linne mat manner Iwwergankswarscheinlechkeet, déi nëmmen an dënnem Gas entstoe kënnen, am Spektrum awer ëmmer schmuel sinn. Breet Komponente ginn nëmme bei erlaabte Linnen observéiert, déi wéinst hirer héijer Iwwergankswarscheinlechkeet och an dichtem Gas staark emittéiert ginn. A de Seyfert 1-Galaxien ass also eng kompakt an dicht Broad Line Region an eng ausgedeent méi dënn Narrow Line Region siichtbar, an de Seyfert 2-Galaxien nëmmen déi lescht.

Ausserdeem weise Seyfertgalaxien dacks staark Stralung iwwer wäit Beräicher vum elektromagnetesche Spektrum, vu Radiowellen-, Mikrowellen-, Infrarout-, Ultraviolett- a Röntgenstralen bis zu Gammastralen. D'Intensitéit vun där vum Kär emittéierter Stralung ka sech am Laf vun engem engem Joer siichtlech veränneren.

Energiequell änneren

Als Energiequell vu Seyfertgalaxië gëtt haut allgemeng Matièreastréimung op e supermasseräicht schwaarzt Lach ugesinn. Dat ka souguer dozou féieren, datt déi d'Galaxis duerch de Kär iwwerstraalt gëtt. Et besteet en permanenten Iwwergank tëscht de liichtkräftegste Seyfert-Galaxien an den nach méi extreeme Quasaren.

D'Matière déi afält setzt duerch Reiwung Energie fräi, warscheinlech an enger Akkretiounsscheif, déi ëm dat zentraalt schwaarzt Lach läit. D'Akkretiounsscheif ass d'Quell vun engem groussen Deel vun der elektromagnetescher Stralung déi Seyfertgalaxien ausstralen, an déi da beim Optreffen op Matière déi méi wäit ewech ass, sekundär Phenomeener, wéi déi am siichtbare Liicht observéiert Emissiounslinnen, ausléist.

Vereenheetlecht Modeller änneren

Vereenheetlecht Modeller erklären den Ënnerscheed tëscht Typ 1 an Typ 2 net duerch d'Presenz oder d'Feele vun enger Broad Line Region. Si huelen un, datt dës ëmmer do ass, awer bei Seyfert 2-Galaxien an eiser Bléckriichtung duerch dicht interstellar Matière a Stëbs verdeckt ass. An Aklang mat dëser Virstellung ka bei e puer Seyfert 2-Galaxien déi breet Spektralkomponent a polariséiertem Liicht observéiert ginn. D'Polarisatioun weist un, datt eis dëst Liicht op Ëmweeër duerch Streeung vu waarmem Gas oder Stëbs ëm de Kär erreecht huet. Dësen Effekt gouf fir d'éischt bei der Typ-2-Galaxis NGC 1068 entdeckt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Seyfert galaxies – Biller, Videoen oder Audiodateien