Sewak Chanagjan

russesch-armenesche Sänger
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Sewak "Sewa"[1] Chanagjan (op Russesch: Севак "Сева" Ханагян), och Sewak Chanaghjan (op Armeenesch: Սևակ Խանաղյան), gebuer den 28. Juli 1987 zu Mezawan an Armenien,[2] ass e russesch-armeenesche Sänger.[3]

Sewak Chanagjan
Gebuer 28. Juli 1987
Mezawan
Nationalitéit Russland, Armenien
Aktivitéit Sänger, Lidderschreiwer, Museker

De Chanagjan ass gebuer an Armenien an am Jugendalter gouf hie mat senger Famill op Russland verlagert. Hien huet zu Kursk an zu Moskau Musek studéiert. 2016 huet de Sewak Chanagjan bei der ukrainescher Museksshow Holos krajiny (dem lokalen Equivalent vu The X Factor) gewonnen.[1] Hie war och e Participant vun de russesche Museksshowe Glawnaja szena (engem Equivalent vun X Factor) an Golos (engem Equivalent vu The Voice).[4]

Hien huet Armenien beim Eurovision Song Contest 2018 zu Lissabon (Portugal) mam Lidd Qami (Քամի, De Wand) vertrueden. De Sänger ass an der éischter Halleffinall opgetrueden an huet et net bis an d'Finall gepackt.[5],[6]

Hie lieft zu Moskau.[7] De Chanagjan schafft aktiv an der Ukrain, a Russland an an Armenien.[1]

Discographie änneren

Singelen änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 https://fakty.ictv.ua/ru/showbiz/20180508-sevak-hanagyan-predstavnyk-virmeniyi-na-yevrobachenni-2018/
  2. https://eurovoix.com/2018/03/07/armenia-sevak-khanghan/
  3. https://moe-kursk.ru/news/people/329513
  4. https://news.rambler.ru/caucasus/39265995-pevets-iz-kurska-sevak-hanagyan-predstavit-armeniyu-na-evrovidenii/
  5. http://ont.by/news/our_news/alekseev-ne-proshel-v-final-evrovideniya-2018
  6. Archive copy Archivéiert op 2018-05-09. Gekuckt de(n) 2018-05-11.
  7. https://kp.ua/culture/561838-superfynalyst-kh-faktor-7-sevak-khaniahian-pereezzhat-v-ukraynu-ne-sobyrauis