Servicer zu Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Servicer)
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Zu Lëtzebuerg ginn zu de Servicer gezielt:
- den Handel,
- d'Banken,
- déi aner Finanzinstituter,
- d'Assurancen,
- d'Agencen (Immobilienagencen ënner aneren) an
- d'Administratiounen.
Am Kader vun der Reconversioun an Diversificatioun vun der Lëtzebuerger Wirtschaftsstruktur, a spéider am Laf vun der Entwécklung vu Lëtzebuerg als international Finanzplaz, ass den Undeel vun de Servicer un der nationaler Wäertschöpfung weider staark gewuess, vun 69,8 % am Joer 1985 op 81,5 % am Joer 2001. D'Tertiärisatioun vun der Wirtschaft gëtt am Lëtzebuerger Fall besonnesch däitlech.
Literatur
änneren- Jean Dargent: Luxembourg: Place financière internationale, Service Information et Presse, Luxembourg, 1974
- Ernest Muhlen: Monnaie et circuits financiers au Grand-Duché de Luxembourg, Université Internationale de Sciences Comparées, Luxembourg, 1968