Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ee Service, och nach Déngscht oder Déngschtleeschtung genannt, ass eng Handlung, déi vun enger Persoun, enger Sociétéit, enger Maschinn oder engem Programm fir een anere gemaach gëtt, sief et mat oder ouni Géigeleeschtung.

An der Ekonomie änneren

An der Ekonomie gëtt e Service och alt net-materielt Gutt genannt; d'Produktioun an d'Konsommatioun geschéie gläichzäiteg. Et gëtt net eppes geschaf, mä transforméiert. E Coiffer produzéiert deemno keng Gidder, mä e Service.

Servicer ass de Sammelbegrëff vun deenen ekonomeschen Aktivitéiten, déi ënner dës Definitioun falen. Heiansdo seet een och Tertiäre Secteur dofir. Zu Lëtzebuerg spillen d'Servicer eng ëmmer méi wichteg Roll (kuckt dozou allgemeng: Lëtzebuerger Wirtschaftsstruktur a méi speziell: Servicer zu Lëtzebuerg).

Besonnesch Bedeitungen änneren

An der Administratioun änneren

Beim Lëtzebuerger Staat ass e Service eng Instanz vun enger Administratioun oder engem Ministère.

Beim Iessgeschier änneren

E Service ass en Ensembel vun Dëschgeschier am selwechten Design.

An der Gastronomie änneren

E Service ass, wann d'Iessen op den Dësch bruecht an op Telleren zervéiert gëtt.

Beim Sport änneren

Bei verschiddene Sportaarten (Tennis, Volleyball,... ass de Service d'Uspille vum Ball.