SNCB Serie 26
Technesch
Daten:
Serie 26 Protoypë Serie 26
Nummeréierung: 2601-2605 2606-2635
Stéckzuel: 5 30
Constructeur: BN an ACEC
Baujoren: 1964 1969-1971
Ausmusterung: Nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 82,4 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 17.250 mm
Héicht: 4379 mm
Héchstvitesse: 130 km/h
Stroumsystemer: 3 kV =
Leeschtung: 2355 kW 2590 kW

D'Serie 26 ass eng Serie vun 35 elektresche Lokomotiven déi d'SNCB an zwou Serien an den Joren 1964 an 1969 bis 1971 kaaft huet.

Allgemenges änneren

Am Ganze goufen eng 200 Maschinne kaaft, opgedeelt op d'Serien 22, 23, 25 a 26. Et schwätzt een haut bei Maschinnen aus där Zäit, iwweregens net nëmmen an der Belsch, vun Albaumaschinnen (de: Altbauloks, fr: locomotives classiques).

D'Serie 26 war déi véiert a lescht Generatioun vun där Famill Lokomotiven. Si ass déi mat Ofstand stäerkst Serie, mat enger ëm 25 % méi héijer Leeschtung, wéi déi eeler Serien. Nodeem am Joer 1964 5 Maschinne mat 100 km/h Héchstvitesse ugeschaaft goufen, ass 1964 eng Serie vun 30 Maschinne mat 130 km/h Héchstvitesse kaaft ginn. D'Serie war Ufanks exklusiv op der Streck Lëtzebuerg-Namouer am Giddertransport ënnerwee.D'Pentë vun där Streck hunn eng gewëssen Traditioun opkomme gelooss, datt d'SNCB hir neist an domat stäerkst Maschinnen ëmmer fir d'éischt op Lëtzebuerg fuere gelooss huet.

Zanter datt d'Serie 20 kaaft ginn ass, huet een d'Serie 26 och op anere Strecke kënne gesinn, besonnesch an der Antwerpener Géigend.

Ufanks waren d'Maschinne vun der Serie 26, wéi och hir Schwëstermaschinnen aus de Serien 22, 23 a 25 mat enger grénger Livrée ënnerwee, wéi se deemools bei der SNCB gebräichlech war.

Mëtt der 70er Jore ginn se an der néier bloer Livrée mat der gieler Sträif ugestrach, parallel dozou ginn se fir de Betrib an enger Unité Multiple ekipéiert. Interessanterweis gouf sech net limitéiert d'Maschinne vun der Serie 26 ënnerenaner ze vernetzen, mä d'Serien 26 an 23 goufen och sou modifiéiert datt si haut kënnen zesumme fueren. E Konzept dat an der Belsch eenzegaarteg, an am Rescht vun der Welt ganz rar ass.

 
D'Lok 2602 am Dezember 2007 an der Rangéiergare vu Montzen

Um Spaweck änneren

Commons: SNCB Class 26 – Biller, Videoen oder Audiodateien