Serie 25 SNCB

(Virugeleet vu(n) Serie 25.5 SNCB)
SNCB Serie 25

Lokomotiv vun der Serie 25 zu Sint-Anna-Pede

Lokomotiv vun der Serie 25.5 zu Antwerpen-Noorderdokken
Technesch
Daten:
Serie 25 Serie 25.5
Nummeréierung: 2501-2514 2551-2558
Stéckzuel: 14 8
Constructeur: BN an ACEC
Baujoren: 1960-1961
Ausmusterung: 2008
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 84 Tonnen 85 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 18.000 mm
Héicht: 4400 mm
Héchstvitess: 130 km/h / 140 km/h
Stroumsystemer: 3 kV = 3 kV=
1,5 kV
Leeschtung: 1740 kW

D'Serie 25 war eng Serie vun 22 elektresche Lokomotiven déi d'SNCB an den Joren 1960 an 1961 kaaft huet.

Allgemenges änneren

Am Ganze goufen eng 200 Maschinne kaaft, opgedeelt op d'Serien 22, 23, 25 a 26. Et schwätzt een haut bei Maschinnen aus där Zäit, iwweregens net nëmmen an der Belsch, vun Albaumaschinnen (de: Altbauloks, fr: locomotives classiques).

D'Serie 25 war déi drëtt Generatioun vun där Famill Lokomotiven a gouf Ufanks der 60er Jore kaaft fir de Manktem u Maschinne vun der Serie 23 ze kompenséieren. Ufanks ware 6 Maschinne fir eng Vitess vun 140 km/h ëmgebaut ginn a sollten op der Achs Oostende - Léck mat där Vitess fueren, mä well et Problemer mat der Aerodynamik gouf, sinn d'Maschinnen op 130 km/h Héchstvitess zeréckgebaut ginn. Dës Experienze sinn dunn an d'Form vun der Serie 16 agefloss.

Enn der 1970er Jore gouf d'Serie 25 fir den Asaz mat de Steierween vun den M2 Voituren ëmgebaut.

2003 goufen déi éischt Maschinne verschrott an 2008 ass déi lescht Serie 25 op engem P Zuch gefuer.

Vun der Serie ass, am Géigesaz zu deenen aneren ausgemusterte Serien, keng erhale bliwwen.

D'Serie 25.5 änneren

1973 war d'Verbindung Bréissel - Amsterdam iwwerlaascht, wëll d'Pasagéierzuele sech zanter 1957 méi wéi verduebelt haten. D'Beneluxzich hunn iwwer 5 Stonne fir d'Verbindung gebraucht wëll an der Gare vun Antwerpen dat déi Zäit eng Kappgare war, den Zuch huet misse gedréint ginn, an zu Roosendaal an Holland déi belsch Lokomotiv huet missen ofgekrämpt an eng hollännesch Lokomotiv ugekrämpt ginn.

Et gouf decidéiert d'Zich mat Steierween z'equipéieren a Lokomotiven ze benotzen déi souwuel déi belsch wei och déi hollännesch Catenaire verdroen.

Dofir goufen 8 Maschinnen aus der Serie 25 ëmgebaut, an als Serie 25.5 nummeréiert, et waren dat déi fréier 2515 - 2522, duerno 2551-2558. D'Maschinne goufen an der sougenannter Beneluxlivrée ugestrach fir bei d'Voituren an d'Steierween ze passen, ausserdeem gouf aus Plazgrënn nëmmen ee Pantograph verbaut. Doduerch war et einfach d'Serie 25.5 vun de Maschinne vun der Serie 25 z'ënnerscheeden.

E weideren Ënnerscheed war d'Kupplung, wärend d'Serie 25 eng manuell Kupplung hat, krut d'Serie 25.5 eng automatesch Kupplung.

1986 koum mat der Serie 11 neit Material fir d'Beneluxzich a fir déi international Zich. D'Serie 25.5 gouf vun do u virun allem op Gidderzich tëscht der Belsch an Holland agesat.

Um Spaweck änneren

Commons: SNCB Class 25 – Biller, Videoen oder Audiodateien