Sennek
belsch Sängerin
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Laura Groeseneken, och bekannt als Sennek, gebuer den 30. Abrëll 1990 zu Léiwen, ass eng belsch Sängerin[1].
Sennek | |
---|---|
Gebuertsnumm | Laura Groeseneken |
Gebuer |
30. Abrëll 1990 Léiwen |
Nationalitéit | Belsch |
Aktivitéit | Sänger, Liddermécher |
Am Joer 2014 huet d'Sennek hir Musekscarrière ugefaangen. Si war eng Keyboarderin vum belsche Museker Ozark Henry, an och eng Liddermécherin fir déi bekannt Band Hooverphonic[1].
D'Sängerin huet d'Belsch beim Eurovision Song Contest 2018 zu Lissabon (Portugal) mam Lidd A Matter of Time vertrueden[2]. Si ass an der éischter Halleffinall opgetrueden an huet si net bis an d'Finall gepackt[3].
D'Sennek schafft ënner anerem als Gesangspedagogin[1].
Discographie
änneren- 2017: Butterflies (Single)
- 2018: A Matter of Time (Single)
- 2019: Endlessly
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 https://www.thesun.co.uk/tvandshowbiz/5956022/belgium-eurovision-entry-2018-sennek-a-matter-of-time/
- ↑ https://www.nieuwsblad.be/cnt/dmf20180411_03457244
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 03.12.2018. Gekuckt de(n) 10.05.2018.