Semper Luxembourg ass den Numm vun enger Zäitschrëft zu Lëtzebuerg, déi zanter dem Mäerz 2008 eemol am Mount erauskënnt a gratis un Dokteren, Zänndokteren an Apdikter verschéckt gëtt.

Chefredakter ass den Eric Mertens; Editeur ass DSB Communications s.a., där hiren Direkter den Eric Mertens ass a Conseillère d'administation d'Corinne Rosman.

Semper Luxembourg gouf ufanks ënner Lizenz vu Semper Belgique gegrënnt, enger Zeitung, déi vum Grupp Roularta erausginn ass, mä 2009 agestallt gouf.

Se huet eng Oplo vu knapps 2000 Exemplairen.

Quell änneren

  • Peter Feist: "Ärztezeitschrift Semper: 'Luxemburgischer als die anderen'." Lëtzebuerger Land, Nr. 16, 23. Abrëll 2010, Bäilag Communication, S. 14.