E Schrauweschlëssel ass en Handwierksgeschier fir Schrauwen a Mudderen mat bestëmmte Kappformen ("Undriffsprofiller") unzezéien oder lasszedréinen. Si ginn ëm de Schrauwekapp oder d'Mudder gestach a well de Grëff vun der Achs ewechsteet, kann een duerch Kraaftvergréisserung den Dréimoment verstäerken.

Véier Schrauwenchlësselen

D'Gréisst vun engem Schrauweschlëssel gëtt duerch den Ofstand vun den zwéi "Baken" bestëmmt dee sengersäits identesch mat der Gréisst vum Schrauwekapp oder der Mudder ass déi soll ugedréint oder lassgeschrauft ginn.

Déi gängegst Zorte vu Schrauweschlëssele sinn déi sougenannt Gafel- oder Maulschlësselen. De Gafelschlëssel ass, vum Grëff aus gekuckt, laanscht déi iewescht Säit op a ka sou ronderëm d'Säite vun der Mudder gestach ginn, iwwerdeems e Rankschlëssel vun uewen op d'Mudder gesat gëtt.

Dachs sinn un den zwéin Enner vun engem Schrauweschlëssel ënnerschiddlech grouss Profiller.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Schrauweschlësselen – Biller, Videoen oder Audiodateien