E Schrauwenausdréier ass en Handwierksgeschier, dat et erlaabt, ofgebrache Schrauwe kënnen erauszedréien, an ausgesäit wéi e Gewënnbuerer fir Lénksgewënner.

Schrauwenausdréier

Wéi et gemaach gëtt änneren

De Stomp vun der Schrauf, vun där de Kapp ofgebrach ass, gëtt glatgefeilt, an der Mëtt ugekiernt a mat engem Buerer dënn ausgebuert. Da gëtt de Schrauwenausdréier no lénks dragesat a beim Lénksdréie käilt den Ausdréier sech fest an dréit de Rescht vun der Schrauf aus dem Lach, an deem se festgesiess hat.