Schrëftaart

bezeechent an der Typographie déi graphesch Gestaltung vun engem Zeechesaz
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Als Schrëftaart bezeechent een an der Typographie déi graphesch Gestaltung vun engem Zeechesaz. Schrëftaarte ginn dacks och Font oder Schrëft genannt.

Et gëtt verschidde Schrëftaarte fir gestalteresch Ënnerscheeder duerstellen ze kënnen, awer och fir déi beschtméiglech Lieserlechkeet z'erreechen an heinansdo och méiglechst vill Plaz ze spueren ouni d'Lieserlechkeet ze veschlechteren.

Serifen änneren

Serifen (op frz. enpattements) si kleng Strécher un den Extremitéite vun de Buschtawen. Si verbesseren d'Lieserlechkeet vun engem gedréckten Text, mä erschwéieren dat séiert Erkenne vu Wieder z. B. op Plakater. Sou muss jee no Situtatioun eng Schrëft mat oder ouni Serife gewielt ginn. D'Beispiller 1-3 a 6 hu Serifen, 4 a 5 hu keng.

Kursiv änneren

Eng kursiv Schrëft (italic, Beispill 2) staamt vun der Schreifschrëft of an ass (meeschtens) no riets geluecht. Am Géigesaz zu enger schréier Schrëft (slanted, Beispiller 3 a 5) gi verschidde Buschtawen duerch eng aner Schreifweis ersat z. B. den "a" an de "g".

Proportionell Schrëft änneren

Bei enger proportioneller Schrëft huet all Buschtaf déi selwecht Breet (Beispill 6). Fir bei besonnesch schmuele Buschtawe wéi "i" oder "l" net ze vill wäiss ze loossen, kréien déi besonnesch grouss Serifen.

Literatur änneren

  • Schuler, Günter: Der Typo Atlas, 2000, Smartbooks Publishing. 524 S.

Um Spaweck änneren

Commons: Fonts – Biller, Videoen oder Audiodateien