Schorenshaff

Lieu-dit a Bauerenhaff am Kanton Gréiwemaacher

De Schorenshaff ass e Lieu-dit an e Bauerenhaff am Kanton Gréiwemaacher.

Schorenshaff
Aussprooch
An anere Sproochen de: Schorenshof
Land Lëtzebuerg
Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Biwer
Gréiwemaacher
Manternach
Buergermeeschter Marc Lentz
Monique Hermes (CSV)
J.-P. Hoffmann
Koordinaten 49° 41’ 27.1’’ N
      06° 24’ 21.2’’ O

Geographie änneren

De Lieu-dit läit op enger Héicht vun 277 m, südëstlech vu Wecker, op der Kräizung vum CR133 mam CR139. Den CR133 dee vum Schorenhshaff op Wecker leeft, mécht d'Grenz tëscht der Gemeng Manternach am Norden an de Gemenge Biwer (am Südwesten) a Gréiwemaacher (am Südosten).

Déi eenzeg Postadressen (Haiser 1 an 2) leien an der Gemeng Manternach, iwwerdeems e Stall vis-à-vis vum Haff um Territoire vu Gréiwemaacher läit.

„Poelzig-Haus“ änneren

Nërdlech vum Bauerenhaff steet um Flouer Wäibierg en hëlzene Chalet deen 1921 vum däitschen Architekt Hans Poelzig entworf gouf. Op engem einfache rechtwénkelegem Grondrëss huet de Poelzig d'Haus entworf fir datt et an den „Deutschen Werkstätten“ a Serie kéint hiergestallt ginn. Aus dem Projet ass awer näischt ginn.

D'Haus gouf 1921/22 am Optrag vun engem Member vun der Famill Esslen gebaut, déi och Proprietär vum Haff war. Wéinst Streidereie bannent der Famill huet de Bauhär de Chalet opginn an e stoung eng Zäitchen eidel. 1953 huet den Holzhändler Victor Sinner de Chalet kaaft a komplett renovéiert. 1984 ass en dunn nees an aner Hänn komm[1].

De Chalet ass den 23. Oktober 2020 absënns wéinst senger Authentizitéit a well e charakteristesch fir d'Entsteeungszäit ass, als nationaalt Monument klasséiert ginn[2].

Biller änneren

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Commission des sites et monuments nationaux (« COSIMO »). ssmn.public.lu (17.07.2019). Gekuckt de(n) 11.12.2021.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).