D'Schleis vu Lozen ass eng Schëffsschleis um Kanal Zuid-Willemsvaart an der belscher Uertschaft Lozen.

Vue op d'Schleisekummer an d'Bréck

Si huet den Numero 17 a steet um Kanalkilometer 44,5. D'Schleisekummer ass 52,40 m laang a 6,90 m breet. Den Niveausënnerscheed ass 2,80 Meter an déi minimal Waasserhéicht ass 1,90 m. Well de Kanal eng ronn 100 Meter virun der Schleis, am ieweschte Schleisebaseng en 90 Grad-Knécks mécht, gouf do eng Kéierplaz ugeluecht mat engem Duerchmiesser vu ronn 100 Meter. Iwwer den ënneschte Schleisebaseng, féiert direkt nieft der Schleis eng Hiefbréck iwwer déi d'N76 féiert. Bis ëm 2000 war op där Plaz dacks e Stau op der Strooss, well déi al Bréck just iwwer der Schleisepaart stoung, an dofir schonn huet misse gehoff ginn wann e Schëff an d'Schleis eragefuer ass. Déi Plaz gouf dofir De Stopp vu Lozen genannt.

D'Nopeschschleise sinn d'Schleis N°18 zu Bocholt an d'Schleis N°16 zu Weert.

Am Juli 2000 gouf nieft der Schleis e klengt Waasserkraaftwierk, mat enger 100 kW Turbinn gebaut. Bei enger Chute vun 2,84 Meter an engem Debit vu 5.000 l/s bréngt dat klengt Wierk et op eng Joresleeschtung vun 800.000 kWh. Domat kënne ronn 250 Stéit beliwwert ginn.