D'Schlass vu Steinbach och Château de Beurthé genannt gouf 1626 opgeriicht, wéi de Martin de Steinbach op där Plaz e Gutt gebaut huet mat Päerdställ, Scheieren, enger Brauerei, an enger Bäckerei, mat aneren Dependancen. Ronderëm war e Gruef. Véierzeg Joer duerno gouf dat Ganzt ëmgebaut fir dat haitegt Schlass ze ginn.

Hënnescht Face vum Schlass

Déi robust Konstruktioun, huet e rechteckege Grondrëss, an op all Säit vum Wunngebai steet en aachteckegen Tuerm deen un der viischter Face uschléisst an d'Verbindung mat de Säitegebaier mécht. D'Diech si mat Leeë gedeckt, an dee vum Wunngebai ass mansardéiert. D'Encadrementer vun den Dieren a Fënstere sinn aus Schifersteng, déi e schéine Kontrast mat de wäisse Mauere maachen.

D'viischt Dier ass mat Motiver am Stil Louis XIV a Louis XV dekoréiert. Den Architekt, deen net bekannt ass, huet bei der Dispositioun vum Hall an de Salonen e groussen artistesche Sënn bewisen.

D'Schlass steet zu Steinbach matzen an der Uertschaft, eng ronn 100 m vun der Kierch. Et ass bewunnt a kann net besicht ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Schlass vu Steinbach – Biller, Videoen oder Audiodateien