Schlass vu Barvaux-en-Condroz

D'Schlass vu Barvaux-en-Condroz ass en Zillebau op 2 Stäck mat engem mansardéierten Daach. D'Rumme vun den Dieren, de Paarten an de Fënstere sinn aus bloe Steng.

D'Schlassbréck an de Gruef
D'Ställ an d'Dependance vu Weste gesinn

D'Haaptentrée vum Schlass ass no Süden orientéiert an huet eng grouss Trap déi op eng Entrée mat dräi groussen Diere geet.

An der Hal ass eng monumental Trap déi mat Stucke vun de Bridder Moretti dekoréiert ass.

Beim Schlass läit e grousse Weier, an iwwer eng Bréck déi iwwer de Schlassgruef féiert kënnt een duerch ee grousse véiereckegen Tuerm fir d'éischt an den Haff vun de Ställ an den Dependancen, fir honnert Meter duerno an de Schlasshaff ze kommen.

D'Schlass gehéiert zanter 1680 der Famill vun Aspremont Lynden.

Dat éischt Schlass op der Plaz gouf um Enn vum 17. Joerhonnert ofgerappt, well et et baufälleg gi war. Aus där Zäit si just d'Ställ, Dependancen an den Tuerm mat der Paart an dem Mechanik fir d'Schlassbréck ze hiewen agebaut war.

Géint 1735 gouf mat dem Bau vum neie Schlass ugefaangen, an et gouf am Stil vum 18. Joerhonnert mat engem Mansardsdaach gebaut. Bis 1940 hat sech dunn näischt méi um Schlass verännert. Duerch e Feier dat duerch eng Onopmierksamkeet ausgebrach war, ass d'Schlass bis op d'Gemaier afgebrannt. Just d'Entréeshal an där d'Feier duerch d'Explosioun vun engem Expansiounsgefäss geläscht gouf war intact bliwwen.

Duerno gouf d'Schlass erëm opgeriicht an där Fassong wéi et sech haut presentéiert.

Ernimmenswäert änneren

Zanter 2005 gëtt all Joer Enn August en Traditiounskutschenturnéier organiséiert.

 
Viischt Fass vum Schlass