D'Schlass Vaduz, mam fréieren Numm Hohenliechtenstein, ass e Schlass a Liechtenstein, dat op enger Fielsterrass ronn 120 Meter iwwer der Haaptstad Vaduz steet. Et ass de Sëtz vun der Liechtenstein-Dynastie.

Schlass Vaduz
Land Liechtenstein
Gemeng Vaduz
Koordinaten 47°8'22"N, 9°31'28"O
Proprietär Haus Liechtenstein
Panorama
Vu vu Westen

Geschicht

änneren

Déi eelst erhale Deeler vum Gebai sinn aus dem 12. Joerhonnert. De Beffroi war mat ee vun den éischte Bauten; 1287 koum e Wunntuerm no. An de Joerzéngten dono gouf d'Anlag sukzessiv ausgebaut an erweidert.[1]

1322 gouf d'Schlass eng éischt Kéier an engem Dokument ernimmt. 1338 huet den Ulrich vu Montfort d'Buerg kritt, fir do am Alter dra kënnen ze wunnnen. Wéi d'Grofschaft Sargans den 3. Mee 1342 gedeelt gouf, krut de Grof Hartmann III. vu Werdenberg d'Buerg mat hirem Territoire. Hien huet sech ewell Grof Hartmann I. vu Vaduz genannt.

Vun 1416 bis 1507 koumen d'Buerg an d'Gebitt Vaduz un d'Häre vu Brandis. Am Schwobekrich hunn déi Konfederéiert d'Schlass den 12. Februar 1499 ofgebrannt. De Buerghär Ludwig vu Brandis huet no engem Friddensaccord, an nodeems e fräigelooss gi war, ordonnéiert, d'Buerg nees opzeriichten.

1507 bis 1613 waren d'Grofe vu Sulz Proprietären. Si hunn d'Buerg vergréisseren an hir Festungsanlage verbessere gelooss. Sou koum eng Kapell bäi, an zwee Rondeller mat 5 Meter décke Maueren, déi souwuel als Bastioun wéi och als Wunnplaz dinge konnten. Haut ass dodran den Depot vum Liechtenstein Musée. Als Nächst waren d'Grofe vun Hohenems Besëtzer, déi d'Schlass bis 1712 vervollstännege gelooss hunn.

Zanter 1712 sinn d'Fürste vu Liechtenstein Proprietären. Am Laf vum 18. an 19. Joerhonnert ass d'Buerg delabréiert, an Deeler hu missen aus Sécherheetsgrënn ofgebaut ginn.

Ënnert dem Fürst Johann II. gouf d'Schalss vun 1905 bis 1912 no Pläng vum Egon Rheinberger an ënner der Direktioun vum Landeskonservator Franz von Wieser vun Innsbruck restaurtéiert, woubäi et wuel ni genee esou ausgesinn hat.

De Fürst Franz Josef II. huet et dunn esou ausbaue gelooss, dass een nees dra wunne kéint, an ass 1938 mat senger Famill do erageplënnert.[2]

Et ass weiderhin am Privatbesëtz vun der fürstlecher Famill a kann dofir net besicht ginn.

Um Nationalfeierdag, de 15. August, gëtt op der Wiss beim Schlass traditionell e Staatsakt zelebréiert: fir d'éischt eng fierlech Mass, da komme Riede vum Fürst a vum Landtagspresident. Dachs gëtt d'Bevëlkerung dono op en Apéro an de Schlassgaart invitéiert.[3] Beim Freedefeier, um Ofschloss vun de Feierlechkeeten, gëtt d'Opschrëft Für Gott, Fürst und Vaterland laanscht d'Mauer, bei d'Stad erof, mat enem Freedefeier gewisen.

Literatur

änneren
  • Elisabeth Castellani Zahir: Schloss Vaduz um 1900 – Traum und Realität. Eine Burgenrenaissance zwischen Historismus und Moderne. In: Unsere Kunstdenkmäler. Mitteilungsblatt für die Mitglieder der Gesellschaft für Schweizerische Kunstgeschichte. Band 43, 1992, S. 199–208.
  • Elisabeth Castellani Zahir: Die Wiederherstellung von Schloss Vaduz 1904 bis 1914: Burgendenkmalpflege zwischen Historismus und Moderne. 2 Bände. Theiss, Stuttgart 1993, ISBN 978-3-80621-086-6.
  • Cornelia Herrmann: Die Kunstdenkmäler des Fürstentums Liechtenstein. Das Oberland. In: Gesellschaft für Schweizerische Kunstgeschichte GSK: Die Kunstdenkmäler der Schweiz. Bern 2007, ISBN 978-3-906131-85-6.

Um Spaweck

änneren
Commons: Schlass Vaduz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Cornelia Herrmann: Die Kunstdenkmäler des Fürstentums Liechtenstein. Bern 2007, S. 252–254.
  2. Cornelia Herrmann: Die Kunstdenkmäler des Fürstentums Liechtenstein. Bern 2007, S. 256–258.
  3. Presse- und Informationsamt (Hrsg.): Staatsfeiertag 15. August 2009, Informationen des Organisationskomitees zum Festprogramm. Vaduz 2009.