Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem russesche keeserleche Summerpalais an der Géigend vu Sankt Péitersbuerg. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Peterhof.

D'Schlass Peterhof, oder Petergof (ru: Петергоф) war de russeschen Zaren hire Summerpalais. De Palais selwer, säi Park, seng Sprangburen, Kaskaden a Waasserspiller si weltbekannt a ginn als Kennzeeche vun der russescher artistescher Kultur am 18. an 19. Joerhonnert betruecht.

Peterhof
D'Schlass mat der grousser Cascade

D'Schlass mat der grousser Cascade
D'Schlass mat der grousser Cascade
Land Russland
Plaz Petergof
Koordinaten 59° 53’ 04.63’’ N
      29° 54’ 32.09’’ O
Bauzäit 1715 - 1755
D'Waasserspiller op der Récksäit vun der Peterhof-Residenz
De grousse Palais vu Peterhof
De Pavillon vun der Peterhof-Residenz vu vir
Truechte virun der Residenz

Et war de Péiter de Groussen, deen direkt um Ufank vum 18. Joerhonnert d'Initiativ ergraff huet, fir net wäit vu senger Haaptstad Sankt Péitersbuerg dës aussergewéinlech Summerresidenz mat allem Drëm an Drun ze bauen. Säi Park mat sengen 176 verschiddene Sprangburen, Waasserfäll a Statue weist en aussergewéinleche Räichtum op. Am bekanntste sinn d'Waasserspiller hanner dem Palais, do wou den Zar mam Schëff ugeluecht huet, wann en a seng Summerresidenz koum. De Palais mat senge ville Kollektioune ka besicht ginn. No 1917 huet de russesche Staat de Peterhof iwwerholl a fir d'Erhalung vun dësem Bijou gesuergt.

Kuckeswäertes änneren

  • De Park
  • Déi grandios Waasserspiller
  • D'Kollektiounen am Palais

Um Spaweck änneren

Commons: Schlass Peterhof – Biller, Videoen oder Audiodateien