Schlass Boufer
D'Schlass vu Boufer, och Schlässche genannt, ass en herrschaftlecht Haus zu Boufer am Park am historistesche Stil aus dem Joer 1870.
D'Areal mam Park war Deel vun der Proprietéit vun der Famill Pescatore. 1870 huet d'Eugénie Dutreux, d'Wittfra vum Joseph Pescatore, beim Paräisser Architekt Oscar Belanger Pläng vun engem representative Wunnhaus, Petit château oder Schlässche genannt, an Optrag ginn.[1]
Am 20. Joerhonnert gouf den Daach zu engem zousätzleche Stack ausgebaut, woubäi d'Mansarden erhale goufen, ma den Daach selwer ewell ofgeflaacht gouf.
Bannenan si vill dekorativ Elementer aus den 1870er Joren erhalen.
2024 gouf d'Gebai, zesumme mam Park an anere Gebaier dran, als National Kulturierfschaft klasséiert[2]
Kuckt och
ännerenLiteratur
änneren- Ministère de la Culture, Institut national du patrimoine architectural (INPA): Nationale Inventarisierung der Baukultur im Großherzogtum Luxemburg: Gemeinde Lorentzweiler. Luxemburg 2023. ISBN 978-2-919883-52-3, S.178-195
Referenzen
änneren- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Kulturministär/INPA: Baukultur (kuckt Literatur), S.178-195.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).