An der Textilverarbechtung bei Zwiren a Garen, an an der Seelkonstruktioun gëtt d'Schlagrichtung un, wat fir ee Wee d'Seel gedréint, am Fachjargon geschloe gouf.

Schlagrichtung ka rietsgängeg (Ofkierzung:Z) oder lénksgängeg (Ofkierzung:S) sinn. D'Schlagrichtung bezitt sech ëmmer op déi baussenzeg Wécklung vum Zwir, vun de Litzen oder vun de Seeler.

Et schwätzt ee vu Gläichschlag, wann d'Schlagrichtung vun de Fiedem oder den Dréit déi selwecht ass wéi déi vum Zwir oder vun de Litzen oder dem Seel.

Beim Kräizschlag ass d'Schlagrichtung vun den enzelenen Dréit géint Schlagrichtung vum Seel.

Kräizschlag riets (Z) a Kräizschlag lénks (S)
Gläichschlag ziets (Z) a Gläichschlag lénks (S)
Lénksschlag
Rietsschlag