Als Schischoul bezeechent een eng Installatioun a Schigebidder, wou ausgebilt Schiinstrukteren den Touriste verschidde Rutschsportaarte bäibréngen.

Schischoul fir Kanner

D'Haaptgebitt ass d'alpint Schifueren. Dofir gëtt et Kollektiv- a Privatcourse fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener. Wéi an der normaler Schoul gëtt et verschidde Klassen. D'Bezeechnunge variéieren jee no Schischoul a Land. Et ginn och verschidde Schistiler ugebueden. Sou gëtt et Carving, Freestyle, Renntraining, Decouverten an nach jee no Schischoul verschidden Zorte vu Coursen.

U Beléiftheet gewuess sinn och d'Snowboardcoursen, wou änlech wéi beim alpine Schicours, verschidde Cousen ugebuede ginn.

Déi meescht Schischoule bidden och Telemark, Kuerzschi a Laanglafcoursen un.

Fir Ufänger gëtt et speziell getrennt Schigäert oder Idiotenhiwwelen wou d'Ufänger ouni Rippe vun erfuerene Schifuerer a Rou kennen Schifuere léieren.

Déi meescht Schischoule bidden och Course fir Netschifuerer un, wéi Ausflich mat Schnéiracketten, Nordic Walking an aner Coursen.

Schitouren a gréisser alpin Projete ginn éischter vu Biergféierer, déi eng speziell Zousazausbildung hunn, organiséiert.

Et gëtt staatlech-ëffentlech a privat Schischoulen. All Schistatioun a Schihal huet meeschtens eng Schischoul.