Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stad am Oblast Saratow. Fir d'Duerf an der Republik Baschkortostan, kuckt wgl. Schichany (Duerf).


Schichany (op Russesch: Шиханы, op Tataresch: Шиган/Şigan) ass eng kleng zoue Stad am Oblast Saratow am Wolga-Federatiounskrees a Russland. Si ass de Verwaltungszentrum vum Stadkrees Schichany a läit eng 130 km nërdlech vu Saratow. Den zivillen Deel vun der Stad nennt sech inoffiziell Schichany-1, an de militäreschen Deel eng 2 km südëstlech dervun inoffiziell Schichany-2.

Schichany
Land Russland
Federatiounskrees Wolga
Status Oblast
Regioun Saratow
Gegrënnt 1820
Awunner 5.560 (1. Januar 2018)
Fläch 9,84 km²
Koordinaten 52°7'0"N, 47°12'0"O
Zäitzon UTC+3
Postcode 412950

Et ass déi klengst Stad a senger Regioun an huet 5.738 Awunner (Stand 2016).[1]

Schichany gouf am Joer 1820 vum russesche Generol Wassili Wassiljewitsch Orlow-Denissow gegrënnt.[2] Zanter 1928 ass se e Chimiewaffestanduert vun der Arméi.

Haaptwirtschaftsfaktor sinn d'Ariichtunge vun der russescher Arméi, grad ewéi d'Wëssenschaftlecht Fuerschungsinstitut fir Stralungs-, Chimie- a Biowaffeschutz an d'Staatlecht Institut fir organesch Syntheestechnologie mat Versuchswierk.

Militäreschen Übungsterrain bei Schichany

Um Spaweck änneren

Commons: Schichany – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Archive copy Archivéiert op 2016-09-08. Gekuckt de(n) 2016-06-25.
  2. https://snob.ru/profile/29744/print/102255?v=1460796406