Schabloun Diskussioun:Kuckt och Festungen

Letzter Kommentar: viru(n) 14 Joer von Roude Leiw2001 in Abschnitt Neiuerdnung vun der Schabloun

Huet d'Festung Lëtzebuerg et net och verdingt, an dëser Schabloun ernimmt ze ginn? --Otets 02:14, 8. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Neiuerdnung vun der Schabloun änneren

Salut,

Ech wollt emol virschloe fir dës Schabloun e bëssen nei ze uerdne fir der Entwécklung vum Sujet Festungen a Militärarchitektur Rechnung ze droen an d'Schabloun ze verklengeren. Ech géif dofir virschloe fir de Sujet "Militärarchitektur" ganz no vir ze huelen, gefollegt vum Sujet "Festung Lëtzebuerg" an duerno enger Selektioun vu Festungen, gruppéiert no Kontinent. D'Arsenaler géif ech ganz eraus huelen, vu datt si näischt mat eigentleche Befestegungsanlagen ze dinn hunn. Et gëtt allerdéngs schwiereg fir dës Schabloun weider ze féiere wat méi Begrëffer dobäi kommen, dofir fannen ech dem Meloures seng Iddi och net schlecht fir e Portal ze schafeb. Mäi Virschlag wier e Portal iwwer d'Militär a gläichzäiteg um Portal Lëtzebuerg an de Kategorië "Geschicht" an "Architektur" eng Rubrik "Festung Lëtzebuerg" ze maachen. Wat "Staatssécherheet" ugeet: als ehemoolegen Erfurter Student hunn ech do eng ganz Rëtsch negativ Associatioune mat der DDR hirer Stasi :-) Ech géif dofir als Titel "Ëffentlech Sécherheet a Sträitkräft" huelen ("Sträitkräft" am Pluriel, well historesch gesi jo net nëmmen eis lëtzebuerger Arméi dësen Territoire kontrolléiert huet). --Roude Leiw2001 09:52, 8. Mäe. 2010 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Kuckt och Festungen".