... d' Feltgeniomyces luxemburgensis, eng Ascomycota-Pilzenaart, déi 1990 zu Lëtzebuerg entdeckt a beschriwwe gouf, déi éischt bekannt Aart vun der Gattung ass?
... et am 13./14. Joerhonnert am Jeneeserbësch eng Schmelz gouf, déi gréisst bis ewell entdeckt Plaz vun Eisegewënnung aus dem Mëttelalter a Mëtteleuropa?
... Eilekatz aus onverdaulechen Iessreschter (Schanken, Fiederen, ...) besteet, deen Eilen oder aner Gräifvullen erauswiergen?
... eng Kasematt vum Fort Dumoulin wärend dem Bau vum Institut National des Sports (INS) iertemlech mat Bëtong zougeschott gouf?