Schabloun:Wéini?/doc
D'Schabloun Wéini ? an engem Text weist drop hin, datt do eng genee Zäitindikatioun hëllefräich ass.
Allgemeng sollen Aussoe wéi "haut", "aktuell", "am Moment", "a leschter Zäit", "zanter kuerzem" asw. evitéiert ginn, well déi spéitstens e puer Joer nodeems se geschriwwe goufen, hir Ausso verluer hunn, jo falsch Tatsaache suggeréieren. An deem Fall ass eng Indikatioun a Klameren (Stand: Januar 2025) oder en direkte Bezuch am Text ubruecht, wéi z. B."Bis 2025 huet hien an iwwer 30 Filmer matgespillt." - "Si huet 14 Goler (Tëschestand Enn Saison 2020-21) geschoss." - "Déi héchst Punktzuel louch, bis Enn 2025, bei 456."