Dokumentatioun vun der Schabloun:Skizz Dokumentatioun änneren

D'Dokumentatioun fir dës Schabloun steet hei ënnendrënner an ass vun der Säit Schabloun:Skizz/doc hei agebonne ginn. All Froe sollen och op där hirer Diskussiounssäit gestallt ginn. Kuckt och: Hëllef:Schablounen.

Beschreiwung

änneren

Dës Schabloun ass geduecht fir Artikelen ze markéieren, déi nach ze kuerz si fir als vollwäerteg Artikelen ze gëllen. Dat mécht een, andeems een {{Skizz}} ganz un den Ufank vum jeeweilegen Artikel setzt (am léifsten an enger eegener Zeil).

Dës Schabloun mécht zwou Saachen:

  1. Se setzt op déi Plaz, wou se agesat gëtt, eng Këscht mat Text, wéi ënner "Beispill" ze gesinn ass.
  2. Se setzt den Artikel an eng verstoppte Kategorie: Kategorie:Wikipedia:Skizzen. Dës Kategoriséierung geschitt awer nëmme fir Säiten am Artikelnummraum.

Kuckt och Wikipedia:Skizzen fir eng Lëscht mat méi theemespezifesche Skizzeschablounen.

Beispill

änneren
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Kopéiervirlag

änneren
{{Skizz}}