Schabloun:Op engem 27. August
- 1517: Doud vum Jérôme vu Bauschelt (Jeroen van Busleyden), Conseiller um Grousse Conseil vu Mechelen.
- 1770: Gebuert vum däitsche Philosoph Georg Wilhelm Friedrich Hegel.
- 1868: De lëtzebuergesche Kraaftmënsch John Grün kënnt op d'Welt.
- 1883: De Vulkan Krakatau an Indonesien brécht aus, op d'mannst 36.000 Mënsche stierwen.
- 1888: De lëtzebuergesche Medezinner a Politiker Charles de Waha gëtt gebuer.
- 1908: Gebuert vum Lyndon B. Johnson, 36. President vun den USA.
- 1941: Déi kapverdianesch Musekerin Cesária Évora gëtt gebuer.
- 1991: Moldawien gëtt onofhängeg.