Schabloun:Di-no permission-notice

Problem fir d'Benotze vum Fichier [[:File:{{{1}}}]] änneren

Merci, datt Dir de Fichier [[:Fichier:{{{1}}}]] eropgelueden hutt. Ech hu gesinn datt Dir dem Fichier zwar eng valabel Lizenz gitt hutt, mä et feelt em nach e Bewäis, datt den Auteur dovun och mat där Lizenz averstanen ass.

Wann Dir dëst Bild/dëse Video/dëst Toundokument komplett selwer geschaf hutt, mä et virdrun schonn anzwousch anescht (besonnesch Online) publizéiert hutt, misst Dir:

  • um Site, wou et fir d'éischt publizéiert gouf, eng Notiz bäisetzen, datt et erlaabt ass (sou wéi hei) d'Bild ënner CC-BY-SA-Lizenz oder soss enger akzeptabeler fräier Lizenz weiderzegebrauchen (kuckt dës Lëscht); oder
  • eng E-mail schécken, déi mat deem Site, wou de Fichier als éischt publizéiert gouf, am Zesummenhang steet, an zwar un permissions-commons@wikimedia.org (Note: Gitt an där Mail e Link op de Fichier um Site sou wéi och deem hei op Wikipedia un (datt ee Benevolë vun OTRS dat einfach iwwerpréiwe kann), a confirméiert, datt Dir den Auteur vun deem Material sidd, an datt Dir et ënner der genannter fräier Lizenz wëllt publizéieren. Dir kënnt hei oder hei e Beispillsbréif vun ensou enger Erlabnes fannen. Wann Dir dat maacht, setzt dësen Text: {{OTRS pending}} op d'Beschreiwungssäit vum Fichier datt en net fréizäiteg geläscht gëtt.

Wann Dir dëst Bild/dëse Video/dëst Toundokument net komplett selwer geschaf hutt, frot w.e.g. den Auteur dovun, eng vun den uewe beschriwwenen Aktiounen ze maachen. Falls en Iech d'Erlabnes scho virdru via Email ginn huet, da schéckt dës Mail virun un permissions-commons@wikimedia.org.

Wann Dir der Meenung sidd, datt de Fichier d'Critèrë vun Wikipedia:EDP erfëllt (an nëmmen dann), kënnt Dir ausnamsweis en Tag wéi {{Bild-FU}} oder soss een aus der Kategorie:Schabloune fir Billerlizenzen eraussichen, an dann eng genee Beschreiwung (rationale) dobäisëtzen, déi de Gebrauch vum Fichier an engem bestëmmten Artikel justifiéiert.

Wann Dir nach aner Fichieren eropgelueden hutt, wier et gutt, Dir gifft iwwerpréiwen, ob Dir do de Beweis uginn hutt, datt de Besëtzer vum Copyright et erlaabt huet, datt Dir hiert Wierk ënner där Lizenz, déi Dir uginn hutt, publizéiert huet. D'Lëscht vun de Fichieren, déi Dir eropgelueden hutt, fannt Dir hei. Biller, déi keng nogewisen Erlabnes hunn, kënnen eng Woch, nodeem se identifizéiert ("getagged") goufen, geläscht ginn. Wann Dir dozou iergend eng Fro hutt, zéckt net, se ze stellen. Merci am Viraus.