Schëppen Damm
Schëppen Damm ass ee Kaartespill, dat zu véier mat engem normale Kaartespill vun 52 Kaarte gespillt gëtt.
An dem Spill geet et drëm fir sou wéineg Punkte wéi méiglech ze kréien. Deejéinegen, deen um Enn vun der Partie déi mannst Punkten huet, huet se gewonnen. Am Ufank vum Spill gëtt festgeluecht, bis wéi vill Punkte gespillt gëtt. Fir datt d'Partie jiddwerengem genuch Méiglechkeete ka ginn, fir säi Kont ze verbesseren, soll op d'mannst bis 100 Punkte gespillt ginn. Soubal wéi ee Spiller méi wéi déi Punktzuel huet, ass d'Partie eriwwer.
D'Wäerter vun de Kaarten
änneren- D'Schëppen Damm ass déi Kaart mat der héchste Punktzuel, nämlech 13.
- D'Häerzer zielen alleguer 1 Punkt.
- All déi aner Kaarten hu kee Wäert.
- Am Spill gëtt awer d'Hierarchie vun de Kaarte bäigehalen, dat heescht den Äss ass déi déckst Kaart an d'Zweetechen déi klengst.
De Verlaf vum Spill
ännerenEt gëtt keng Reegel wéi d'Kaarte verdeelt ginn. Normalerweis gi se eenzel verdeelt, se kënnen awer och wéi z. B. beim Whist 4-5-4 verdeelt ginn.
Wa jiddweree seng Kaarten huet, kann hien[Wien?], éier d'Spill lass geet, engem aneren dräi Kaarten zouschousteren, déi hien net wëllt am Grapp behalen. Beim éischte Spill kritt de lénksen Noper déi. Beim zweete Spill deen, dee vis-à-vis sëtzt, a beim drëtten de rietsen Noper. Beim véierte geet et erëm beim lénksen Noper weider.
D'Spill gëtt vun deem Spiller ugefaangen, dee Kräizer Zweetchen huet, an déi muss och gespillt ginn. Et muss bekannt ginn, dat heescht wann een eng Kaart vun der Faarf huet, déi ausgespillt gouf, muss een déi spillen. Et gëtt keng Tromp am Spill an am éischten Tour däerf e keng Kaart, déi ee Wäert huet, opginn (ewechginn).
Um Enn vum Spill ginn d'Punkten, déi ee krut zesummegerechent an opgeschriwwen.
Déi héchst Punktenzuel, déi een an engem Spill ka kréien, ass 25. Dat heescht et hat ee Pech an et huet ee missen 12 Häerzer an d'Schëppen Damm akasséieren.
Wann ee vun der Kaart hir en déckt Spill huet an et mengt een, datt ee vill Punkte géif kréien, da kann ee probéiere fir d'Kaarten, déi ee Wäert hunn, all eran ze kréien. Wann een et also fäerdeg bréngt fir déi 13 Häerzer an och nach d'Schëppendamm ze kréien, huet een dat Spill gewonnen an déi aner dräi Spiller kréien all 26 Punkten opgeschriwwen.