E Schënner ass eng Persoun, där hiert Handwierk dora besteet, fir d'Déierekadaveren ewechzeschafen, ze verbrennen oder ze begruewen, respektiv d'Fleesch an d'Hait, déi iwwereg blouwen, ze verwäerten. Well d'Kadaveren en ellene Geroch hunn, hunn d'Schënner meeschtens baussent dem Duerf gewunnt an do geschafft. Nieweprodukter vum Handwierk waren z. B. Läim, Fetter a Salefen, déi d'Schënner fir Heelzwecker preparéiert an un hir Clientë verkaaft hunn.

Schwäin, déi op de Schënner waarden.

Munnech Schënner hunn och als Heelpraktiker geschafft an als rau Kärelen de Patienten, déi s'opgesicht hunn, d'Glidder erëm agerenkt. Schënner ass e Beruff, deen haut ausgestuerwen ass, nodeem d'Ofdeckerei sech industrialiséiert huet.

Zu Lëtzebuerg gëtt d'Ofdeckerei haut op industrieller Grondlag am Schwunnendall bei Luerenzweiler bedriwwen.