D'Schëlter E, 28a an E, 28b sinn Hiwäisschëlter aus dem Lëtzebuerger Code de la route déi den Ufank oder d'Enn vun engem Tunnel uweisen.

Schëld E, 28a
Tunnel
Bezeechnung E, 28a, E, 28b
Kategorie Verkéiershiwäisschëld
Land Lëtzebuerg
ageféiert 19. Mäerz 2008

D'Schëld E, 28a weist déi Plaz u vu wou aus déi speziell Reegele vun engem Tunnel gëllen. Am ënneschten Deel vum Schëld kann den Numm vum Tunnel a wäisser Schrëft ugi ginn. Et kann och en Zousazschëld Modell 3b drënner hänken, op deem d'Längt vum Tunnel drop steet.

Op de grousse Stroossen ginn d'Tunnellen op enger zweckméisseger Distanz am Viraus mam Schëld E,28a zesumme mam Zousazschëld Modell 3a gezeechent.

Originaltext aus dem Code de la route änneren

Artikel 107 – V. Signaux d'indication[1]
« 28. Tunnel – Le signal E,28a indique l'endroit à partir duquel s'appliquent les règles de circulation particulières aux tunnels.
Le signal peut porter dans sa partie inférieure le nom du tunnel en caractères blancs. Il peut être complété par un panneau additionnel du modèle 3b qui en indique la longueur; l'illustration en est un exemple.
Les tunnels de la grande voirie sont annoncés à une distance appropriée en amont des tunnels par le signal E,28a complété par un panneau additionnel du modèle 3a. Le signal E,28b indique l'endroit à partir duquel les règles de circulation particulières aux tunnels cessent d'être applicables. »

Bemierkungen änneren

Dacks hänkt ënner de Schëlter E,28a an E,28b nach en Zousazschëld, dat d'Chaufferen drun erënnert, datt si d'Luuchte vum Auto sollen un- oder ausmaachen. Dës Schëlter sinn awer net am Code de la route virgesinn.

Kuckt och änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Verkéiershiwäisschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.