Schëld E, 11b

Verkéiershiwäisschëld Lëtzebuerg


D'Schëld E, 11b ass en Hiwäisschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat d'Plaz uweist wou en Iwwergank fir Foussgänger a Vëlosfuerer ass. D'Symbol um Schëld ass ëmgedréint wann d'Schëld op der anerer Stroossesäit widderholl gëtt.

Schëld E, 11b
Iwwergank fir Foussgänger a Vëlosfuerer
Bezeechnung E, 11b
Kategorie Verkéiershiwäisschëld
Land Lëtzebuerg

Déi Plaz wou den Iwwergank fir Foussgänger a Vëlosfuerer ass, muss mam Schëld E, 11b ugewise ginn, ausser de Verkéier gëtt duerch Verkéiersluuchte gereegelt. Wann op enger Fuerbunn en Iwwergank fir Foussgänger a Vëlosfuerer op all Säit vun enger Kräizung ass, da geet et duer wann an all Fuerrichtung d'Plaz vum éischte Passage gezeechent ass. Wann d'Konfiguratioun vun der Plaz et néideg mécht, da gëtt mam Schëld A, 11b ugekënnegt, datt ee bei e Iwwergank fir Foussgänger a Vëlosfuerer kënnt.

Originaltext aus dem Code de la route änneren

Artikel 107 – V. Signaux d'indication[1]
« 9. Passage pour piétons et cyclistes – Le signal E,11b indique l'aplomb d'un passage pour piétons et cyclistes. Les symboles sont inversés lorsque le signal est répété du côté gauche de la chaussée.
L'aplomb des passages pour piétons et cyclistes doit être indiqué par le signal E,11b, sauf si la circulation est réglée par des signaux colorés lumineux. Lorsqu'une chaussée comporte un passage pour piétons et cyclistes des deux côtés d'une intersection, il suffit d'indiquer l'aplomb du premier passage pour chaque sens de la circulation. Si la configuration des lieux l'exige, l'approche d'un passage pour piétons et cyclistes est annoncée par le signal A,11b. »

Bemierkungen änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Verkéiershiwäisschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.