Saulnois
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Stied Château-Salins - Dieuze

De Saulnois ass eng natierlech Géigend a Frankräich am Süde vum Museldepartement.

Wann haut seng Grenze praktesch mat deene vum Arrondissement Château-Salins, dat fréier den Departement Meurthe war, ass et historesch gesinn déi Géigend déi dem Dall vun der Uewer-Seille entsprécht, wou Salz aus dem Buedem geholl gouf. Deemno gehéiert de Kanton vun Albestroff net méi derzou, awer d'Gemengen ëm Morhange mussen derbäi gerechent ginn.

Geschicht änneren

De Saulnois verdankt säin Numm der Salzexploitatioun déi fréier an där Géigend gemaach gouf.

De Briquetage de la Seille ass en Zeie vun der Salzextractioun am 1. Joerdausend v. Chr.

Dat éischt Schrëftstéck an deem vum "Salinensis Paganus" (Salzland) rieds geet ass vu 661.

Zënter dem Mëttelalter goufe Salinen an der ganzer Géigend exploitéiert, wéi zu Dieuze, Marsal, Château-Salins, Moyenvic, Saléaux (tëscht Lezey a Ley), Salonnes, Vic-sur-Seille, Bride, Lindre-Basse, Morhange an Amelécourt.