Sarah Rolko

lëtzebuergesch Schwëmmerin

D'Sarah Rolko, gebuer 22. Juni 1994 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Schwëmmerin.[1]

Sarah Rolko
Gebuer 22. Juni 1994
Nationalitéit Lëtzebuerg

Si huet Lëtzebuerg op der Schwammweltmeeschterschaft 2009 zu Roum, op den Europameeschterschaften am klenge Baseng 2010 zu Eindhoven an op de Weltmeeschterschaften 2010 am klenge Baseng zu Dubai vertrueden.[2]

Bei de Spiller vun de klenge Länner 2013 zu Lëtzebuerg krut si d'Bronzemedail op 200 m Réck.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. De Portrait vum Sarah Rolko op der Websäit vum COSL an der Rubrik 'Cadre d'élite 2011'
  2. D'Resultater vun der Sarah Rolko op 'Les Sports.info'