Saint-Gobain ass eng franséisch Firma, déi op d'Produktioun, d'Transformatioun an d'Verdeelung vu Material am Bau- an Industriesecteur spezialiséiert ass.

Saint-Gobain
Typ SA
Grënnungsdatum 1665
Sëtz La Défense, Courbevoie
Mataarbechter 167.000 (2021)
Branche Produktioun, Transformatioun an
Distributioun vu Baumaterial an
anerem Material fir d'Industrie
Homepage saint-gobain.com

Si gouf 1665 vum franséische Staatsmann Jean-Baptiste Colbert (1619-1683) ënner dem Numm Manufacture royale des glaces gegrënnt an huet Spigele produzéiert.[1] 2021 war Saint-Gobain weltwäit a 70 Länner aktiv an hat 167.000 Mataarbechter.[2]

Zënter 2019 läit de Sëtz vun der Firma zu Courbevoie am Quartier La Défense, bei Paräis.[3].

Referenzen änneren

  1. atlantico.fr: L'entreprise St Gobain, un héritage de Colbert qui définit encore aujourd'hui 350 ans plus tard le capitalisme à la française (21. August 2017)
  2. saint-gobain.com: Presentatioun vum Grupp Saint-Gobin (gekuckt de 26. August 2021)
  3. defense-92.fr: La tour vitrine de Saint-Gobain perce la skyline de La Défense (1. Oktober 2018)

Um Spaweck änneren

Commons: Saint-Gobain – Biller, Videoen oder Audiodateien