D'Safir ass eng am Iran entwéckelt Drorakéit.

Den Omid op enger Safir

Den éischten erfollegräichen Test vun dëser Rakéit war no Donnéeë vun der iranescher Regierung de 16. August 2008[1], nodeem de 4. Februar vum selwechte Joer e Startversuch feelgeschloe war. D'Safir ass déi éischt zweestufeg Rakéit vum Iran, hir ënnescht Stuf besteet aus enger Shahab 3-Mëttelstreckerakéit, déi zweet Stuf ass eng Neientwécklung.

Den 2. Februar 2009 gouf de (relativ liichten) iranesche Telekommunikatiouns-Satellit Omid (Hoffnung) mat enger Safir 2 an eng Ëmlafbunn geschéckt. De Satellit huet aacht Antennen a schafft op zwee Frequenzbänner.

De 15. Juni 2011 gouf den zweeten iranesche Satellit Rasad-1 fir Äerdobservatioun och mat enger Safir an eng 260 km héich Ëmlafbunn geschoss. Hie soll besonnesch héichopgeléist Biller fir d'Profuktioun vu Landkaarte liwweren.

Den 3. Februar 2012 war mat Navid den drëtte Satellit gefollegt.

Moossen änneren

  • Längt: 22 m[2]
  • Duerchmiesser: 1,25 m
  • Startgewiicht: 26 t

Startlëscht änneren

Stand: 15. Dezember 2014

Datum an Auerzäit (UTC) Typ Startplaz Notzlaascht Aart vun der Notzlaascht Bemierkunge
16. August 2008 Safir-1 Sem - - Feelstart , suborbitale Fluch,
2. Februar 2009
18:34
Safir-1 Sem Omid Technologietestsatellit Erfolleg, éischte Satellittestart vum Iran
15. Juni 2011
09:15
Safir-1A Sem Rasad Technologietestsatellit Erfolleg
3. Februar 2012
00:04
Safir-1B Sem Navid Äerdobservatiounssatellit Erfolleg
2. Februar 2015
08:52
Safir-1B Sem Fajr Technologietestsatellit Erfolleg

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. heise.de: Iran kündigt bemannte Weltraummission an, 21. August 2008
  2. All Daten: Jane's Defense Weekly, 27. August 2008, Säit 17